Ëmmer rëm gi wärend de Schoulvakanze ganz Eisebunnslinnen ënnerbrach. Wéi kann et sinn, datt Ënnerhaltsaarbechten d’Netz sou reegelméisseg blockéieren? Eng parlamentaresch Fro vum Michel Lemaire:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Wat den Zuchtrafic zu Lëtzebuerg ugeet, hu vill Bierger den Androck, datt d’Zuel vun de Vollspärungen vun eenzele Streckenofschnëtter – an domat verbonnen d’Ausfale vun den entspriechende Passagéier-Linnen – déi lescht Joren ëmmer méi zouhëlt an dës Spärunge méi a méi dacks an déi gréissere Schoulvakanze falen.
Duerfir ginn et deelweis valabel Ursaachen, wéi zum Beispill den Ausbau vum Zuchreseau tëscht der Stad a Beetebuerg, well verschidden Aarbechten sou méi effizient kënnen ausgefouert ginn. Allerdéngs kënnt et och dacks op Strecken zu längere Spärungen, wou keen Ausbau stattfënnt.
An deem Sënn géif ech der Madamm Minister gär dës Froe stellen:
- Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi dacks et vun 2015 bis 2025 inclus zu Vollspärunge vun eenzele Streckenofschnëtter an deem domat verbonnenen Ausfale vun den entspriechenden Passagéier-Linnen an eisem nationalen Zuchreseau komm ass? Kann d’Madamm Minister zousätzlech opschlësselen, wat jeeweils d’Ursaach vun deenen eenzele Spärunge war?
- Opgeschlësselt no deenen eenzele Streckenofschnëtter a Passagéierlinnen: Wéi laang hunn d’Aarbechte jeeweils gedauert a wéi dacks sinn d’Aarbechte parallel zu de Schoulvakanzen duerchgefouert ginn a wéi dacks ausserhalb vun de Schoulvakanzen?
- Huet de Gidder-Trafic op deene Streckenofschnëtter och an alle Fäll missen annuléiert ginn?