Verschidde Patiente krute vun der Santé Terminconvocatiounen a Reklammen a véier Sproochen, mee (natierlech) net op Lëtzebuergesch. D’Alexandra Schoos freet bei der Ministesch no.
Fro:
Viru Kuerzem krut e Patient eng Convocatioun fir eng IRM-Ënnersichung vum Centre hospitalier du Nord. Dës Convocatioun war op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch verfaasst, awer net op Lëtzebuergesch. En anere Patient krut eng Reklamm (“Prenez rendez-vous chez votre dentiste pour votre enfant”) vun der Direction de la Santé / Division de la médecine scolaire et de la santé des enfants et adolescents, déi, grad wéi déi mentionéiert Convocatioun, op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch verfaasst war, awer net op Lëtzebuergesch.
An dësem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Madamm Minister:
- Entsprécht et der offizieller Sproochepolitik vun der Lëtzebuerger Regierung, dass Terminconvocatiounen a Reklammen am Gesondheetswiesen just op Franséisch, Däitsch, Englesch (keng Verwaltungssprooch) a Portugisesch (keng Verwaltungssprooch), awer net an der Landessprooch verfaasst ginn?
- Geet d’Regierung dervun aus, datt eng lëtzebuergesch Versioun vun Terminconvocatiounen a Reklammen net néideg ass fir de Lëtzebuerger Mammesproochler? Wa jo, aus wéi enge Quelle speist sech dës Vermuddung vun der Regierung?
- Plangt d’Regierung Moossnamen, fir sécherzestellen, datt an Zukunft all Terminconvocatioun a Reklamm am Gesondheetswiesen och op Lëtzebuergesch verfaasst gëtt?