D’Gebuertenzuel zu Lëtzebuerg läit aktuell bei nëmmen 1,25 Kanner pro Fra, obwuel 2,1 néideg wieren, fir d’Bevëlkerung stabil ze halen. 
Dat kann laangfristeg zu Aarbechtskräftemangel, Problemer bei de Pensiounen an enger ëmmer méi aler Gesellschaft féieren.
Vill Leit wëllen eigentlech méi Kanner, mee deier Wunnengen, Zäitmangel a schwiereg Kombinatioun vu Famill a Beruff maachen et net einfach.
Fir d’Zukunft vun eisem Land brauch et méi kannerfrëndlech Konditiounen an eng staark Ënnerstëtzung fir Famillen. 