An engem Interview mat Euronews vum 29. Januar 2026 huet den Här Vizepremierminister an Ausseminister erkläert, datt déi Europäesch Unioun am Kader vum Krich an der Ukrain aktuell diplomatesch „absent“ wier an datt et noutwenneg kéint sinn, erëm direkt Gespréicher mat Russland ze féieren (“We need to talk with them if we want a solution”). An dësem Kontext huet den Här Minister ugeschwat, datt Europa och eng Persoun misst hunn, déi fäeg wier, als Vermëttler am Dialog mat Russland opzetrieden. Hien huet och sech selwer als méigleche Kandidat fir esou eng Roll genannt, eventuell net an där éichter Rei mee “in the back”.
An deem Zesummenhang hätte mir follgend Froen un d’Regierung:
- Spigelen d’Aussoe vum Här Bettel an dësem Interview d’Positioun vun der ganzer Regierung erëm, oder handelt et sech dobäi ëm eng perséinlech politesch Aschätzung vum Här Ausseminister?
- Ass d’Iddi, datt Lëtzebuerg – respektiv den Här Bettel – eng vermëttelnd Roll am Dialog mat Russland kéint iwwerhuelen, formell am Regierungs- oder EU-Ministerrot proposéiert oder thematiséiert ginn? Wa jo, a wéi engem Kader a mat wéi engem Resultat?
- Wéi hunn déi aner EU-Memberstaate respektiv d’EU-Institutiounen op dës Iwwerleeunge reagéiert? Gouf et explizit Ënnerstëtzung oder Ofleenung vis-à-vis vun enger méiglecher vermëttelnder Roll vum Här Bettel oder vu Lëtzebuerg?
- Hält d’Regierung weiderhin un hirem Wonsch fest, op EU-Niveau en direkten Dialog mat Russland ze fërderen, och am Liicht vun de rezenten Aussoe vun der EU-Aussebeoptraagte Kaja Kallas, déi drop higewisen huet, datt d’EU aktuell net géif mat Russland verhandelen, well dës Roll scho vun den USA iwwerholl gi wär?
Mat déiwem Respekt,
Fred Keup Alexandra Schoos
Deputéierten Deputéiert