ADEM-Vouchere fir Lëtzebuergesch-Coursen

Gëtt d’ADEM Vouchere fir Lëtzebuergesch-Coursë just nach deene Leit, déi dës Coursen onbedéngt fir hire Beruff maache mussen? Dës an aner Froe stellen den Tom Weidig an de Michel Lemaire dem Aarbechtsminister.

Fro:

A leschter Zäit hu vill Leit, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, haaptsächlech Expats a Leit, déi rezent an eist Land komm sinn, festgestallt a bedauert, dass d‘ADEM Vouchere fir Lëtzebuergesch-Coursë faktesch just nach dann ausstellt, wann eng onmëttelbar berufflech Noutwendegkeet virläit. Sou schreift eng Persoun beispillsweis op Tiktok, nodeems si eng entspriechend Mail vun der ADEM krut hat: “From now on ADEM will no longer supply people with language vouchers especially for Luxembourgish language courses unless the ‘demandeur d’emploi’ is really really in need of this language for his future jobs. And it was mentioned for instance: health system and public system. If you want to learn the language just because you want to learn it, you will not get this voucher.”

An deem Kontext hu mir follgend Froen un den Här Aarbechtsminister:

  1. Kann den Här Minister d’Aussoen am zitéierten Tiktok-Post confirméieren, no där Vouchere fir Lëtzebuergesch-Coursë just nach dann ausgestallt ginn, wann eng onmëttelbar berufflech Noutwendegkeet virläit?
  2. Wa jo, wat sinn déi genau Krittäre fir dës Noutwendegkeet? Stellt déi nei Ausstellpraxis vun ADEM-Vouchere fir Lëtzebuergesch-Coursen eng bewosst politesch Decisioun duer?
  3. Wann nee: Kann den Här Minister preziséieren, ob hei e Kommunikatiounsfeeler vu Säite vun der ADEM virläit?
  4. Wéi vill Leit hunn 2024 en ADEM-Voucher fir Lëtzebuergesch-Coursen ugefrot? Wéi vill kruten de Voucher? Wéi vill Unträg goufen ofgeleent?
  5. Wéi bewäert den Här Minister d’Auswierkunge vun dëser Praxis op d‘Integratioun an d’Chancen um Aarbechtsmaart fir Leit, déi op der Sicht no enger Aarbecht sinn?
  6. Plangt d‘Regierung, den Zougang zu Vouchere fir Lëtzebuergesch-Coursen (erëm) ze erweideren, fir d’Léiere vun eiser Nationalsprooch als essenziell Integratiouns- a Beschäftegungsmoossnam ze ënnerstëtzen?
  7. Kann den Här Minister preziséieren, ob d’Kandidaten eng Prüfung maache mussen?
  8. Gëtt dru geduecht, fir de Recrutement vum Resultat ofhängeg ze maachen?

 

Deel dëse Post: