Qualitéitsverloscht vu Lëtzebuerger Schoule säit 2015

An Däitschland schloe couragéiert Erzéiungswëssenschaftler Alarm: den Niveau vun de Schoulen ass säit dem “Wir schaffen das!” vum Angela Merkel de Bierg erofgaang. Mee wéi gesäit d’Situatioun am beschauleche Lëtzebuerg aus? Dat wëll de Fred Keup vum Schoulminister wëssen.

Fro:

De Prof. Dr. Axel Plünnecke vum “Institut der deutschen Wirtschaft” huet rezent am Hibléck op de Qualitéitsverloscht vun däitsche Schoulen, wéi e vum aktuellen „Bildungsmonitor“ beschriwwe gëtt, vun enger „Wasserscheide“ ëm d‘Joer 2015 erëm geschwat. Virun 2015 wieren d‘Schoule besser gewiescht, dono méi schlecht. An de vergaangenen zéng Joer wiere vill méi Kanner an d’Schoul gaang, wéi déi däitsch Kultusministeren 2010 geduecht hätten. Méi Kanner wieren u sech e Gewënn fir d‘Land, „aber 2015 hat das Schulsystem überfordert, man fand keine schnellen Antworten auf die Herausforderungen der gestiegenen Fluchtmigration“. (Quell: „Bild Zeitung“, 25.8.2025).

Am Hibléck op d‘Analys vum Prof. Dr. Axel Plünnecke zur Schoulentwécklung an Däitschland säit 2015 an ënner Berécksiichtegung vu vergläichbaren Erausfuerderungen zu Lëtzebuerg géif ech dem Här Schoulminister gär follgend Froe stellen:

  • Wéi huet sech an den Ae vum Här Minister d‘Schoulqualitéit zu Lëtzebuerg säit 2015 entwéckelt – besonnesch am Hibléck op déi staark gestigen Zuel vu Kanner, déi zu Lëtzebuerg an d’Schoul ginn?
  • Gouf et zu Lëtzebuerg eng vergläichbar Zäsur am Bildungssystem wéi déi vum Prof. Dr. Plünnecke beschriwwen?
  • Wann nee, wéi eng Grënn waren dem Här Minister no ausschlaggebend dofir, datt et zu Lëtzebuerg net zu sou enger Zäsur koum?
  • Wéi gutt war Lëtzebuerg 2015 op déi gestigen Zuel vu Schüler mat Flucht- oder Migratiounshannergrond virbereet?
  • Wéi eng Moossname goufe säit 2015 konkret geholl, fir Kanner ouni Kenntnisser an den dräi Amtssprooche vum Land an eise Schoulsystem ze integréieren? Mat wéi engem Erfolleg?
  • Wéi bewäert den Här Minister haut d’Wierksamkeet vun den „Accueil-Klassen“?
  • Gouf et säit 2015 Enkpäss bei der Ausstattung vu Schoulen, besonnesch an de gréisseren Uertschaften? Wa jo, wéi gouf op dës Enkpäss reagéiert?

 

Deel dëse Post: