Hëtztwell an de Schoulen

Déi rezent Hëtztwell an de Schoulen huet de Fred Keup dozou beweegt, e puer Froen un den zoustännege Minister ze stellen.

Fro:

Zu Lëtzebuerg si Primärschoulen a Lycéeën aus diverse Grënn bis elo net flächendeckend mat Klimaanlagen ausgerüst, obschonns gewosst ass, dass a verschiddene Gebaier d’Klassesäll am Summer sech extrem erhëtzen, zumools wann se Richtung Südsäit ausgeriicht sinn.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Am bevëlkerungsräichsten däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen gëllt eng Raumtemperatur vu 27 Grad Celsius laut NRW-Schoulministère als Grenzwäert, deen d’Schouldirektioune berechtegt, d’Kanner heemzeschécken. Vu wéi enger Klassesall-Temperatur u geet den Här Minister dervun aus, dass den Unterrecht schwiereg gëtt, a vu wéini u gesondheetlech geféierlech (zu Lëtzebuerg ginn et Schoulen, wou d’Temperaturen a verschiddene Klassesäll am Summer nomëttes all Joer iwwer 30 Grad Celsius klammen)? Ass de Ministère an deem Kontext scho vu Lycéeë kontaktéiert ginn?
  • Ass virgesinn, an Zukunft en Thermometer an de Klassesäll opzehänken an d’Temperaturen ze moossen? Wann net, wat schwätzt géint esou eng Moossnam?
  • Kann den Här Minister preziséieren, ob ugeduecht ass, a verschiddene Schoulen a Lycéeën, bei deene gewosst ass, dass d‘Klassesäll am Summer sech extrem erhëtzen, Klimaanlagen ze installéieren, respektiv bei neie Gebaier grondsätzlech Klimaanlagen ze installéieren?

Deel dëse Post: