Säit dem 5. Oktober 2015 ass d’Vitess op der Iechternacher Streck duerchgoend op maximal 90 Stonnekilometer limitéiert, obwuel d’Streck op 110 Stonnekilometer ausgeluecht ass. De grénge Verkéiersminister François Bausch hat no engem Accident kuerzfristeg Ännerunge virgeholl. Den Zesummenhang erschléisst sech awer schwéier. Opgrond vun de Wiederkonditioune war d’Vitess zu deem Zäitpunkt souwisou op 90 limitéiert an de jonke Chauffer, deen den Accident verursaacht hat, hat esou wuel d’Limitt vun 90 wéi och déi vun 110 bäi Wäitem iwwerschratt. Ass déi Reegelung nach zäitgeméiss. Fir e fundéiert Bild ze kréien, freet de Jeff Engelen d’Donnéeën zu der Entwécklung vun den Accidenter iwwert déi lescht 20 Joer un. Den ADR-Deputéierten am Wuertlaut:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Säit dem 5. Oktober 2015 ass d’Vitess op der Iechternacher Streck N11 op 90 Stonnekilometer limitéiert. Dat och op den dräispuereg ausgebauten Abschnitter, wou weiderhin dierf iwwerholl ginn an déi eigentlech op eng Vitess vun 110 Stonnekilometer ausgeluecht sinn. Den deemolege Verkéiersminister François Bausch hat déi Decisioun mat enger Reaktioun op en Accident begrënnt. De 16. September 2015 hat e jonke Chauffer bei däitlech iwwerhéichter Vitess, déi opgrond vum staarke Reen no den deemolege Reegelen, zum Zäitpunkt vum Accident och um entspriechenden Abschnitt op 90 Stonnekilometer limitéiert war, d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an zwee Leit mat an den Doud gerappt.
Zousätzlech zu den neie Vitesslimitte gouf 2016 op där entspriechender Streck op Héicht vun der Aus-respektiv Afaart vu Gonnereng en automatesche Radar installéiert an 2019 gouf dee ganzen Abschnitt tëschent Gonnereng an dem Waldhaff zu der éischter Testplaz fir déi national Streckeradaren.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Kann d’Madamm Verkéiersminister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, zu wéi vill Accidenter et vun 2005 bis 2015 op der Iechternacher Streck koum, op wéi enger Plaz se stattfonnt hunn, wéi vill Leit dobäi zu Schued oder souguer ëm d’Liewe koumen a wéi eng Ursaach(en) all Kéiers identifizéiert gouf(en)?
- Kann d’Madamm Verkéiersminister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, zu wéi vill Accidenter et vun 2016 bis 2024 op der Iechternacher Streck koum, op wéi enger Plaz se stattfonnt hunn, wéi vill Leit dobäi zu Schued oder souguer ëm d’Liewe koumen a wéi eng Ursaach(en) all Kéiers identifizéiert gouf(en)?