Schéisserei an Drogeproblemer zu Déifferdeng

Ass et normal dat een net méi an eise Stied spadséiere ka goen, ouni ee komescht Gefill am Bauch ze hunn? Huet d’Regierung de Problem Sécherheet wierklech am Greff?

Vir do méi gewuer ze gi stellen déi honorabelen Deputéierte Fred Keup an Tom Weidig dem Inneminister déi follgend parlamentaresch Fro.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.

An der Press war kierzlech ze liese vun enger Schéisserei an Drogeproblemer zu Déifferdeng, an engem Artikel ënnert dem Titel „Zélia möchte wissen, warum auf ihr Bistro geschossen wurde“.

D’Bedreiwerin vum Café hat der Press ënner anerem erkläert, si hätt d‘lescht Joer iwwer 50 Mol bei der Police ugeruff wéinst Problemer mat Droge virum Café. D’Police hätt hir gesot, dass si näischt kéinte maachen, wann déi Jonk nëmmen déi erlaabte Quantitéit fir de Privatkonsum derbäi hätten an dat dann um Trottoir konsuméieren.

An deem Zesummenhang géife mir dem Här Inneminister gär dës Froe stellen:

  1. Kann den Här Minister dës Conclusioune bestätegen? Sinn an deem Fall iwwer 50 Uriff un d’Police erakomm? Däerfen d’Leit um Trottoir virum Café hiert „Gras“ (Cannabis) fëmmen? Wéi reagéiert d’Police an esou Fäll?
  2. Am Artikel geet riets dovun, dass de Parc Gerlache „seit längerem in der Region als Hotspot für Drogenhandel bekannt ist“. Kann den Här Minister dëst bestätegen, déi aktuell Situatioun beschreiwen an d’Géigemoossnamen erklären?
  3. Ass de Phänomen vun deenen am Artikel beschriwwenen “Cachopada” bekannt, déi, wéi et am Artikel heescht, „Gras“ a Form vu klenge Kugele verkafen „unter dem Namen von Schokolade-, Vanille- und Erdbeermarmelade“?

Mat déiwem Respekt,

Fred Keup                                                                                                         Tom Weidig
Deputéierten                                                                                                    Deputéierten

Deel dëse Post: