Informatiounsversammlungen zum “Projet ALPHA”

De Schoulminister wëll jo bekanntlech, datt jiddereen am Land sech an Zukunft op Franséisch soll kënnen alphabetiséiere loossen. Dozou goufe rezent e puer Infoversammlungen organiséiert, déi de Fred Keup a senger QP kritesch hannerfreet.

Fro:

Am Virfeld vun der landeswäiter Ëmsetzung vum “Projet ALPHA” goufe viru Kuerzem, ënnerschriwwe vum President vum Syvicol a vum Här Schoulminister, Invitatiounen op dräi Informatiounsversammlungen zum genannte Projet un d’Buergermeeschteren an d’Presidente vun de Schoulsyndikater verschéckt. An där Invitatioun stoung: “Lors de cette rencontre, nous vous présenterons les grandes lignes du projet, tant sur le plan conceptuel, organisationnel qu’infrastructurel”.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister confirméieren, datt am Kader vun dësen dräi Informatiounsversammlungen (22.4.2025, 23.4.2025 a 24.4.2025) de Buergermeeschteren a Schoulsyndikatspresidente kloer vermëttelt gouf, datt et sech beim “Projet ALPHA” aktuell just ëm e Projet handelt an datt d’Konsequenze vun deem Projet op nationalem Plang bis elo nach net analyséiert goufen? Wann nee, firwat gouf dat net an där Form kommunizéiert?
  • Goufe bei dësen Informatiounsversammlungen och déi kontrovers Punkte vum Projet ALPHA, besonnesch op konzeptuellem Plang, thematiséiert? Wann nee, firwat goufen dës Punkten net beréiert?

 

Deel dëse Post: