Bistrosstierwen a Schanklizenzen, eng schwiereg Situatioun

Ass et normal dat ëmmer méi Caféen a Bistroen zoumaache mussen? Wéi ass d’Lag aktuell, kenne mir eppes do géint maachen? . . . . . . . . . . . . .

Vir do méi gewuer ze gi stellt den honorabelen Deputéierten Tom Weidig dem Wirtschaftsminister déi follgend parlamentaresch Fro. 

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

Den 20. Mäerz 2025 konnt een am LW-Artikel „Der Kampf gegen das Cafésterben“ liesen, datt d’Bistrosstierwen hei am Land weidergeet. Goufen et 2017 nach 967 Caféen, hu mir aktuell nëmme méi 741 Caféen. Ursaachen, déi dozou gefouert hunn, ginn et eng ganz Rei. Eng dovun ass sécherlech d’Problematik vun de Schanklizenzen.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  1. Wéi vill Schanklizenze ginn et hei zu Lëtzebuerg
    • vum Typ „Privilège“ (un e Gebai gebonnen)?
    • vum Typ „Volante“?
    • vum Typ „Hors nombre“?
  2. Ginn et soss nach aner Typpe vu Schanklizenzen?
  3. Wéi vill vun alle Lizenze ginn aktiv benotzt?
  4. Verfält eng Lizenz, wa se net méi benotzt gëtt no engem bestëmmten Zäitraum? Wann net, ass dru geduecht, dat ze änneren?
  5. Gëtt et e Regëster vun de Schanklizenzen? Wat fir Informatiounen hält de Regëster pro Schanklizenz fest (z.B. den Typ, ob se aktiv ass, a wat fir enger Gemeng se ass, asw.)? Ass dee Regëster ëffentlech?
  6. Wann net, gëtt dru geduecht, esou ee Regëster unzeleeën an ëffentlech ze maache fir méi Transparenz?
  7. Kënnt Dir eis matdeelen, wéi déi Zuele sech an de leschten zéng Joer entwéckelt hunn, haaptsächlech wat den Typ „Hors nombre“ ugeet?
  8. Wat ass de Präis vun enger „Hors nombre“ Schanklizenz
    • fir ëffentlech Ariichtunge wéi z.B. Gemengen?
    • fir privat Persounen?
  9. Wéi vill Schanklizenze vu jeeweils all Typ befanne sech an den Hänn vun de Brauereien
    • duerch direkte Besëtz?
    • duerch Pachtvertrag?
  10. Ass bekannt, wéi vill Bedreiwer mat enger gepachter Schanklizenz eng Exklusivitéitsklausel an hirem Kontrakt hunn?

Mat déiwem Respekt,

Tom Weidig
Députéierten

Deel dëse Post: