Nach méi Verkéier op der Iechternacher Streck?

Zu Dummeldeng soll d’Barrière duerch eng Unterführung ersat ginn. U sech eng sënnvoll Infrastrukturmoossnam, wann dës dann och fir den Autosverkéier zougänglech wier. Dee gëtt awer dauerhaft verbannt an op déi souwisou schonn iwwerlaaschten Iechternacher Streck ëmgeleet. Sinn d’Leit an de ländleche Regioune just nach den Eefalt vun der Regierung?

Eng parlamentaresch Fro vum Alexandra Schoos an dem Jeff Engelen:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Esou wéi den 28. Januar am Lëtzebuerger Wort ze liese war, gëtt d’Dummeldenger Barrière vum 7. Juni 2025 u fir Automobilisten dauerhaft gespaart an dës mussen op d’Iechternacher Streck – N11 auswäichen. Den entspriechende Passage vun der Eecher Plaz bis op de Waldhaff ass zu Stousszäiten awer elo schonn extrem iwwerlaascht.

An deem Sënn géife mir der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Wéi ass déi Decisioun begrënnt, déi nei Unterführung déi d’Dummeldenger Barrière soll ersetzen, nom Ofschloss vun den Aarbechten net méi fir den Autosverkéier fräi ze ginn?
  • Mat wéi vill zousätzlechen Autoen op der Iechternacher Streck rechent d’Madamm Minister opgrond vun där Moossnam, souwuel am Duerchschnëtt wéi och zu Stousszäiten?
  • Duerch wéi eng Kompensatiounsmoossname, wéi zum Beispill d’Reduktioun vun de Luuchten, wëll d’Madamm Minister d’Iechternacher Streck entlaaschten?

 

Deel dëse Post: