Lëtzebuerg leeft dem Wuesstem hannendrun

Lëtzebuerg muss all Joer Rekordzommen investéieren, fir seng Infrastrukturen auszebauen, fir esou dem stramme Wuesstem nozekommen. A senger Interventioun vum 12. Dezember betount de Jeff Engelen, datt eist Land ëmmer méi an enger Logik ass, wou mir dem Wuesstem just nach hannendru lafen.

Den Nord-Deputéierten huet am Kader vu senger Ried och eng Motioun deposéiert, fir dem Verkéierschaos am Norde vum Land entgéintzewierken.

Deel dëse Post: