Fir fair Bedéngunge fir eis lokal landwirtschaftlech Acteuren

A senger Interventioun vum 3. Dezember betount de Fred Keup, datt d’ADR prinzipiell fir de fräien Handel ass, deen zum groussen Deel och eise Wuelstand ausmécht. Am Hibléck op d’Mercosur-Ofkommes muss een awer oppassen, datt eis lokal landwirtschaftlech Acteuren net mat onfaire Wettbewerbsbedéngunge konfrontéiert ginn. An datt grad “déi gréng” sech elo als Affekot vun de Baueren opspillen, gëtt awer ze denken – grad si hu jo wärend hirer Regierungsverantwortung de Bauere vill Steng an de Wee geluecht.

Deel dëse Post: