Mat enger Arméi vu Wierder verdeedegt d’Regierung hiren neie Gesetzesentworf zum belsch-lëtzebuergesche Batallioun. Ma wien huet dee Batallioun dann eigentlech gestëmmt? Geet eng Investitioun vun 2,6 Mrd € eis net alleguer un? An enger parlamentarescher Fro fuerdert den Tom Weidig d’Regierung op, d’Bierger opzeklären.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verdeedegungsminister weiderzeleeden.
De 14. November 2024 gouf de Gesetzesentworf 8389 an der Chamber mat 52 zu 7 Stëmmen ugeholl. D’Madamm Minister huet an der Stellungnam vun der Regierung behaapt, iwwer de belsch-lëtzebuergesche Batallioun wier am Virfeld vun dëser Ofstëmmung an der Chamber schonn dacks debattéiert ginn.
An dësem Kontext géing ech der Madamm Minister gär follgend Froe stellen:
- Op wéi engen Datumer stoung de belsch-lëtzebuergesche Batallioun um Ordre du Jour, fir debattéiert ze ginn?
- Gouf et eng Diskussioun mat enger Ofstëmmung zur Schafung vum Batallioun?
- Hutt Dir en internt Dokument, wéi de Batallioun en Detail funktionéiere soll, dat Dir der Chamber kënnt ginn?
- Wa keent existéiert, wéini kënnt et?
- Kéint d’Madamm Minister der Chamber d’Ofkommes tëschend dem deemolege Verdeedegungsminister Bausch a senger belscher Amtskolleegin zur Verfügung stellen, fir dëst ze debattéieren, an eventuell réckwierkend zur Ofstëmmung ze bréngen an ze verëffentlechen?
Mat déiwem Respekt, Tom Weidig – Deputéierten