Situatioun um Schëffsquai zu Réimech: de Staat ass gefuerdert

Um Schëffsquai zu Réimech gesäit et desolat aus. D’Alexandra Schoos an de Jeff Engelen hunn dozou e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

Déi ronn 3 Kilometer laang Esplanade zu Réimech ass en „haut-lieu“ net nëmme vum Lëtzebuerger Tourismus, mee och vun der Lëtzebuerger Geschicht. Hei ass schonn am 19. Joerhonnert den deemolege Kinnek-Grand-Duc Wëllem III. spadséiert, an de Lëtzebuerger Nationaldichter Edmond de la Fontaine, besser bekannt ënnert dem Numm „Dicks“, huet sech wärend senge Réimecher Joren oft hei opgehal (fir just dës zwou Perséinlechkeeten ze nennen). Déi historesch Alstad vu Réimech, mat der „Porte Saint-Nicolas“ zu Éiere vum Schutzpatroun vun de Schëffsleit, attestéiert déi beweegt Vergaangenheet vu Réimech.

An obschonns e fréiere Buergermeeschter vu Réimech d’Esplanade eemol als „Côte d’Azur vu Lëtzebuerg“ bezeechent hat, huet sech d’Häerzstéck vun dësem Touristemagnéit, nämlech de Schëffsquai, zu enger desolater Plaz entwéckelt: iwwerall Vullenexkrementer a raschteg Gelännere schéngen drop hinzedeiten, datt d’Wuelbefanne vun de ville Visiteure vu Réimech keng Prioritéit duerstellt.

An engem Artikel, deen den 1. August 2024 am LW publizéiert gouf („Es ist eine Schande, dass der Staat hier nichts investiert“, S. 12), gëtt d’Situatioun follgendermoosse beschriwwen: „Wenn Kunden an Bord gehen wollen, müssen sie sich erst einmal einen Weg durch die Exkremente auf dem Asphalt bahnen. Verantwortlich ist eine Kolonie aus Nilgänsen und verwilderten Hausgänsen, die sich neben den Anlegeplätzen angesiedelt hat.“ De Vertrieder vun engem Schëffsbetrib warnt virun ekonomesche Konsequenzen: „Ende der 1990er Jahre haben wir noch 90.000 Passagiere pro Jahr befördert. Heute sind es noch etwa 25.000.“

Well de Quai zu Réimech (wéi un der ganzer Musel) dem Lëtzebuerger Staat gehéiert an dofir d’Stroossebauverwaltung fir dëse Problem verantwortlech ass, géife mir der Madamm Minister gär follgend Froe stellen:

  • An de belschen an hollänneschen Hafestied ginn d’Quaien all Dag mam Héichdrockreiniger propper gemaach. Kann d’Madamm Minister preziséieren, firwat de Staat dëst nach net zu Réimech an Erwägung gezunn, bzw. ëmgesat huet? Net zulescht och fir d’Gesondheet vu Mënsch an Hausdéier ze schützen, déi all Dag iwwer de Schëffsquai spadséieren.
  • Informatioune vun der Stroossebauverwaltung no ze schléissen, fänkt d’Erneierung vum Réimecher Quai “innerhalb der kommenden drei Jahre” (cf. Artikel LW) un. Kann d’Madamm Minister hei e konkreten Termin confirméieren? Wéi e Budget ass fir dës Aarbechte virgesinn? Wéi eng Infrastrukture si genau virgesinn?

 

 

Deel dëse Post: