Meenungsfräiheet fir Petitionären

D’ADR verdeedegt d’Demokratie an d’Meenungsfräiheet!

D’Petitioun N°3198 „Exclure les thématiques LGBT de l’éducation des mineurs” huet, no nëmme fënnef Deeg, schonn iwwer 7000 Ënnerschrëfte kritt. Dowéinst ass et och schonn zu munch staarke Reaktioune komm.

Privat Organisatioune si fräi hir Meenung bei politesche Sujeten ze äusseren a kloer Positioun ze bezéien. Als demokratesch Partei, déi sech fir d’Fräiheet an d’Respektéiere vun anere Meenungen asetzt, ënnerstëtze mir dat Recht.

Staatlech Institutiounen an Institutiounen, déi haaptsächlech duerch de Staat oder d’Chamber finanzéiert ginn, sinn awer zur Neutralitéit verflicht. Si duerfe sech net a politesch Debaten amëschen an duerfen och net Partei ergräifen.

Genee dat hunn de Centre pour l’égalité de traitement (CET) an de Musée National de la Résistance et des Droits Humains (MNR) am Kader vun där genannter Petitioun awer gemaach. Si manipuléieren doduerch de politeschen Debat an üben ëffentlech Drock op de Petitionär aus an op all déi Bierger, déi dës Petitioun ënnerstëtze wëllen. Domat gëtt direkt och all zukünftege Petitionär decouragéiert, vun deem Recht Gebrauch ze maachen.

Dat ass e klore Verstouss géint d‘Neutralitéitsflicht an domat och en Abus de pouvoir an en Ënnergruewe vun der Demokratie a vun der Meenungsfräiheet. Dëst ass inakzeptabel fir d’ADR, well mir sti fir gelieften Demokratie a Meenungsfräiheet.

Aus deem Grond verlaange mir d’Demissioun vun den Direktere vun deenen zwou Institutiounen, dem CET, deen der Chamber ënnersteet, an dem MNR.

Mir fuerderen och de Chamberpresident op, an dësem Fall méiglechst séier ze reagéieren, fir datt net weider Drock op de Petitionär an de Bierger ausgeüübt gëtt, hir Rechter net ënnergruewe ginn an hir Revendicatioune respektéiert an eescht geholl ginn.

Deel dëse Post: