Ernärung, Virbereedung a Sport

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Jeff Engelen.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

Sportlech Leeschtungen op héchstem Niveau ze erbrénge setzen e grousst perséinlecht Investissement viraus. Bal an all Sportaart ass e gesonde Liewensstil vu grousser Bedeitung, wat awer zur Folleg kann hunn, datt den Athlet vu gesondheetleche Problemer affektéiert gëtt, zu deenen och Iessstéierunge gehéiere kënnen.

An engem Artikel, deen de 26. Juli 2024 am Luxemburger Wort publizéiert gouf (“Luka Mladenovic und der dunkle Schatten der Essstörung”), gëtt op dëse Problem higewisen. Den Artikel weist: Iessstéierungen trieden oft grad dann op, wann den Athlet sech mental op eng wichteg Competitioun virbereet.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Plangt d’Regierung, méi Ressourcen am Beräich vun der richteger Sporternierung zur Verfügung ze stellen (Berodung, Begleedung, Suivi, Opklärung, asw.?
  • Wëll d’Regierung den Ernierungsspezialiste méi Moyenen zur Verfügung stellen, fir datt d’Athleten ënner hirer Opsiicht sech mental besser op hir Competitioune virbereede kënnen?

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: