De Schoulminister hat d’parl. Fro vum Fred Keup iwwer d'”Rietsruck”-Ried vun enger Lycéesdirectrice wéi ze erwaarden net zefriddestellend beäntwert. Dofir haakt de Fred Keup no.
Fro:
Am Kader vun den Diplomiwwerreechungen um Enn vum Schouljoer am LTPES, de 4. Juli 2024 a Presenz vun der Madamm Justizminister an den 8. Juli a Presenz vum Här Schoulminister, huet d’Directrice vun dësem Lycée gesot:
„De Rietsruck, dee weltwäit duerch d’Gesellschafte geet, bereet mir immens grouss Suergen. Ech hat wierklech gehofft, datt mir no der Erfarung vum Zweete Weltkrich an der Occupatioun duerch Nazidäitschland hei am Land, mä och a ganz Europa an an der ganzer fräier Welt bäigeléiert hätten, an net méi empfänglech wieren, fir déi vun de Populiste virgegaukelt einfach Äntwerten op komplex Froen. Dës ginn erfarungsgeméiss ëmmer op d’Käschte vu Minoritéiten a vun deene Persounegruppen, déi um Rand vun eiser Gesellschaft stinn, a vun deene kritesche Membere vun der Gesellschaft. Ech hat och gehofft, datt mer als fräi europäesch Gesellschaft opgrond vun eisem humanistesche Mënschebild an eisem Vertrauen an d’Demokratie immun wiere géint déi rietsextreem a rietspopulistesch Gefor.“
(zitéiert aus der Äntwert vum Här Schoulminister op meng parl. Fro 983)
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Minister gär dës Froe stellen:
- Kann den Här Minister preziséieren, wou hien dësen Extrait hierhuet, an, wa méiglech, béid Rieden, déi d’Directrice am Kader vun den Diplomiwwerreechungen am LTPES gehalen huet, an hirer Integralitéit noreechen?
- Den Här Minister huet a senger Äntwert op meng parl. Fro 983 gesot, d’Directrice hätt mat dëser Ried net géint hir Verflichtung zur Neutralitéit verstouss. Lo liese mir awer beispillsweis um “site officiel de l’administration française”: « Un agent public (…) doit respecter une obligation de neutralité en application de laquelle il ne doit pas, dans l’exercice de ses fonctions (…) manifester ses convictions qu’elles soient religieuses, philosophiques ou politiques, à l’égard des usagers et de ses collègues. » (Devoirs de réserve, de discrétion, de neutralité et secret professionnels dans la fonction publique | Service-Public.fr) Kann den Här Minister, am Liicht vun dësem Zitat, confirméieren, datt d’Directrice mat hirer Ausso „De Rietsruck, dee weltwäit duerch d’Gesellschafte geet, bereet mir immens grouss Suergen” net géint hir Verflichtung zur Neutralitéit verstouss huet?
Äntwert:
Ad 1)
Béid Rieden, déi d’Directrice am Kader vun den Diplomiwwerreechungen am LTPES gehalen huet,sinn um Internet-Site vum LTPES ze fannen a kënnen do an hirer Integralitéit nogelies ginn (L.T.P.E.S. – Félicitations aux diplômé·es du LTPES 2024 !).
Ad 2)
Déi politesch Neutralitéit, där sech all Beamten an och eis Schoule verpflichten, fënnt hir Limitten an eiser Verfassung an och an de Mënscherechter. Eis ëffentlech Schoul däerf net neutral si par rapport zu de Feinde vun eise fräiheetlech demokratesche Grondwäerter, also och net par rapport zu rietsextreemen oder rietspopulistesche Gedanken. Wien sech bewosst géint eis Verfassung a géint déi allgemeng Mënscherechter stellt, kann déi Neutralitéit, déi den honorabelen Deputéierten zitéiert, net akloen. D’Schüler sollen an der Schoul zur Toleranz erzu ginn. Domadder kann awer net d’Toleranz géigeniwwer der Intoleranz gemengt sinn. An deem Sënn ass et absolut zoulässeg, jo souguer wënschenswäert, datt sech d’Schoule géint Rietsextremismus a Rietspopulismus engagéieren. Dëst war an aller Kloerheet och schonn d’Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 983 an där ech mech besuergt gewisen hunn, datt dëst keng Selbstverständlechkeet méi wier. D’Réckfro vum honorabelen Deputéierte bestäerkt mech just nach an dëser Suerg.