Sproochefërderung an de Crèchen: vill Loft no uewen!

Crèchë spillen eng wichteg Roll am Hibléck op d’Integratioun vun auslännesche Schüler, besonnesch um Niveau vun de Sproochen. Mee onkloer ass, ob d’Crèchen dëser Roll gerecht ginn. De Fred Keup huet dozou eng Fro un de Schoulminister:

 Fro:

Wéi een um Site www.science.lu noliese kann, hu Fuerscher vum „Luxembourg Centre for Educational Testing“ vun der Uni Lëtzebuerg an enger Etüd („Early childhood education and care in Luxembourg“) hiren eegenen Aussoen no festgestallt, datt et grouss Ënnerscheeder tëscht de fréikandleche Betreiungsstrukturen am Land ginn an datt een net genau weess, „wie und in welchem Maß dort Sprachen gefördert werden“.

An deem Kontext hunn ech follgend Fro un den Här Minister:

Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung (déi och am mentionéierten Interview zur Sprooch kënnt), datt et vu groussem Virdeel wier, eng Etüd ze realiséieren, déi d‘Qualitéit vun de Crèchen hei am Land systematesch ënnersicht, speziell am Hibléck op d’Sproochefërderung, an hei besonnesch op d’Fërderung vum Lëtzebuergeschen?

Deel dëse Post: