Suivi vun der Covid-Zäit: Kloer Äntwerte wgl.!

D’ADR-Ost Deputéiert Alexandra Schoos huet der Gesondheetsministesch eng Rei konkret Froe gestallt zum Suivi vun der Covid-Zäit zu Lëtzebuerg. D’Gesondheetsministesch ass op keng vun deene Froen agaangen. Grond genuch, an enger neier Fro kloer Äntwerten ze fuerderen. D’ADR wëll Transparenz an Opklärung vun der Covid-Zäit!

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

De 6. Mee 2024 hat ech eng parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister gestallt, déi vun der Chamberverwaltung d’Nummer 690 krut.

De 7. Juni 2024, huet d’Madamm Minister eng Stellungnam zu där Fro geschéckt. Bedauerlecherweis ass si dobäi guer net op déi eenzel a prezis formuléiert Froen agaang an huet just eng kuerz a generell gehalen Äntwert ginn.

Vu datt et mir als Deputéiert an esou engem Fall zousteet, déi betraffe Froen, déi net beäntwert gi sinn, nach eemol ze stellen an deen zoustännege Minister ze bieden, si ze beäntweren, wëll ech dat heimat maachen.

An deem Kontext wéilt ech déi siwe Froen nach emol un d’Madamm Minister stellen:

  1. Goufen déi zwou Motiounen, esou wéi vun der Madamm Gesondheetsminister ugekënnegt, mëttlerweil am Regierungsrot diskutéiert? Wa jo: Wéi eng Conclusioune goufen zeréckbehalen?
  2. Wéi e Gremium ass bis ewell mat de Virbereedungsaarbechte beoptraagt?
  3. Wéi soll sech den eigentlechen Expertegrupp (“groupe d’experts indépendants”; Motioun vum 23.3.2023) herno zesummesetzen, virun allem och, fir de Charakter vun der Onofhängegkeet vun dësem Grupp ze garantéieren? Wéi eng Experten aus wéi enge Beräicher goufe bis ewell gefrot, ob si wëlle matschaffen? Wéi eng Vertrieder vu gesellschaftleche Gruppe solle mat um Dësch sëtzen?
  4. Läit en Dokument vir, dat d’Missioun(en) vun dësem Expertegrupp definéiert? Wa jo: Ass dëst Dokument am Sënn vum gesamtgesellschaftleche Charakter vun där Aufgab ëffentlech zougänglech? Falls net, bis wéini a wou?
  5. Wéi eng finanziell Ressourcë sollen dem Expertegrupp zougeduecht ginn, a wéi eng personell Ënnerstëtzung soll hinnen zur Säit gestallt ginn?
  6. Ass virgesinn, d’Sëtzunge vun dësem Grupp live ze iwwerdroen oder an enger ëffentlech zougänglecher Mediathéik ze archivéieren, oder gëtt sech op Rapporte beschränkt?
  7. Wéi eng Dokumenter sollen zougänglech gemaach ginn? Gehéieren dozou sämtlech Dokumenter, esou wéi se op Basis vum Artikel 75 vun där neier Verfassung fir d’Chamber virgesi sinn? Notamment och d’“Vaccine order forms”, vu datt dës schonn e puer Mol vu Vertrieder aus eisem héijen Haus ugefrot goufen an hir Fuerderungen duerch e Bréif vum 27. November 2023, vum Här Chamberspresident un den Här Staatsminister bestätegt goufen?

Mat déiwem Respekt, Alexandra Schoos – Deputéiert

Deel dëse Post: