Kloer Zuelen zur Kriminalitéit w.e.g.

D’CSV huet sech an der Oppositioun gären als vermeintlechen Hardliner a Froe vun der bannenzeger Sécherheet verkaf. Säit mëttlerweil bal néng Méint stellt si lo de Policeminister an als Bierger stellt een sech natierlech d’Fro, ob een dann Nuets sou lues nees méi entspaant virun d’Dier ka goen. Ma wéi et schéngt, gi vill Tëschefäll guer net méi verëffentlecht. Wäert d’CSV liwweren, wat se versprach huet?

Deel dëse Post: