Handwierk an der Schoul: vill oppe Froen

Zu Lëtzebuerg ass d’Ausbildung am Handwierk dual organiséiert. D’Schüler gi souwuel an d’Schoul, wéi och an de Betrib. D’Léierpersonal an den ëffentleche Schoule besteet an dësem Beräich och zu engem gudden Deel aus Meeschteren. Wéinst hirem ënnerschiddlechen Diplom, engem Meeschterbréif amplaz engem akademeschen Diplom, ginn si am ëffentlechen Déngscht awer fir déi nämmlecht Aarbecht anescht bezuelt, wéi hir Beruffskolleegen. Och déi pedagogesch Modalitéiten ënnerscheeden sech zum Deel staark vun aneren Ausbildungsweeër. De Fred Keup huet der Regierung dozou eng Rei parlamentaresch Froe gestallt.

Deel dëse Post: