D’Zoumaache vun der Ettelbrécker Maternité koum fir vill Betraffe ganz iwwerraschend. Esou guer Leit, déi um Terrain schaffen, wossten net Bescheed. An enger parlamentarescher Fro intresséiert sech den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen dofir, wéi laang een am Ettelbrécker Spidol scho wousst, datt d’Maternité misst temporär zougemaach ginn.