250 Milliounen Euro fir d’Ukrain?

An engem Telefonat mam Staatsminister Xavier Bettel bedankt den ukrainesche President Selenskyj sech fir 250 Milliounen Euro u Lëtzebuerger Steiergelder. Op wéi eng Suen huet hien sech hei konkret bezunn? Suen déi an de leschte Jore vu Lëtzebuerger Säit un d’Ukrain gefloss sinn, oder huet de Staatsminister hei e Versprieche ginn, dat iwwert seng Kompetenzen erausgeet? D’ADR steet kloer fir(!) eng humanitär Ënnerstëtzung vun der ukrainescher Zivilbevëlkerung, mee am Respekt vun den Institutiounen. Gréisser ëffentlechen Ausgabe kënnen zu Lëtzebuerg ausschliisslech vun de gewielte Volleksvertrieder, also der Chamber decidéiert ginn. D’Regierung féiert déi Decisiounen duerno aus. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser verlaangt an enger parlamentarescher Fro Kloerheet an dëser Affär.

Deel dëse Post: