D’ADR verurteelt de russeschen Amarsch an d’Ukrain op d’Schäerfst. Mir hunn et hei mat engem klore Broch vum Vëlkerrecht ze dinn. Den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser mécht a senger Interventioun vum 1. Mäerz dann och dräi Elementer däitlech:
- Lëtzebuerg befënnt sech net an engem Krich géint Russland.
- D’ADR ënnerstëtzt déi Lëtzebuerger Materialliwwerungen un d’Ukrain, esou laang et sech net ëm letal Waffen handelt.
- D’ADR schwätzt sech kloer dogéint aus, datt am Kader vum Ukrain-Krich Medie solle verbuede ginn. Zensur ass net ze toleréieren an d’Informatiounsfräiheet vum Bierger muss erhale bleiwen.