2018 sinn 9024 Zich ausgefall. Fir déi betraffe Reesender ass dat natierlech mat enger grousser Frustratioun verbonnen. Och personaltechnesch Grënn solle fir déi vill Ausfäll verantwortlech. De Nord-Deputéierte Jeff Engelen well an enger parlamentarescher Fro gewuer ginn, wat déi genee Ursaache sinn am Hibléck op déi personaltechnesch Ausfäll vun den Zich.