Komesch Justiz: Gast Gibéryen ugeklot, Regierung am Feeler?

Eng Geheimdéngscht-Ecoute vun enger Persoun dauert méi laang wéi autoriséiert. Dovu wees d’Direktioun vum Geheimdéngscht, d’Regierung an den Deputéierte Gast Gibéryen. Eréischt wéi Tageblatt dee Geheimdéngscht-Feeler mellt, gi Regierung a SREL zou, datt eng Persoun méi laang wéi erlaabt ofgelauschtert gouf. D’Justiz konzentréiert hir Ënnersichungen op de Gast Gibéryen, an intresséiert sech net fir d’Feelverhale vun de Geheimdéngschtchefe Woltz an, a leschter Instanz, Bettel. Eng Affär, déi elo um Radio 100Komma7 am Interview mam Gast Gibéryen nach eemol Thema war, ier et am Hierscht eventuell zu enger Uklo vum ADR-Deputéierte kënnt.

Staark Reaktioun vum Fernand Kartheiser

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet op sengem Facebook dës Affär zum Thema vun engem vu senge Kommentaren gemaach. Hien, deem d’Meenungsfräiheet an alle Formen um Häerz läit, mécht dat aus Solidaritéit mat sengem Parteifrënd mee och aus Prinzip, well hie sech géint déi schläichend Meenungsdiktatur hei am Land wiere wëll.

Deel dëse Post: