Vill Kommunikatioun tëscht Staat a Bierger leeft, ëmmer méi, iwwer den Internet. Kierzlech waren awer eng ganz Rëtsch Staats- a Regierungssiten wéinst enger Cyber-Attack net ze erreechen. Wat do lass war, wollt de Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro wëssen. D’Äntwert op dës Fro war awer esou wéineg zefriddestellend, datt de Fernand Kartheiser den Här Chamberspresident gefrot huet, fir d’Fro nach eng Kéier ze stellen, wat den Deputéierten och accordéiert kritt huet.
- Zweeten Ulaf: nach eng Kéier d’Fro iwwer d’Attack op Lëtzebuerger Regierungsserveren.
- D’definitiv Äntwert vun der Regierung … op Lëtzebuergesch.
- DoS-Attack: De Fernand Kartheiser wëll Detailler.
- Eng onkomplett Äntwert op Franséisch … an net an der Sprooch vun der Fro.
- Proadrschreiwes un den Här Chamberspresident, mat der Demande fir d’Fro nach eng Kéier ze stellen.