Zukunftsperspektiven : Diktat fir d’Familljen an aarmt Lëtzebuerg (VIDEO)

E Mëttwoch, de 15. Oktober 2014 huet de Gast Gibéryen am Numm vun der ADR an der Chamber op d’Deklaratioun vum Premier Minister Xavier Bettel geäntwert.
Den ADR-Deputéierte betruecht déi 258 Moossnamen, déi vun der Regierung ugekënnegt sinn, wéi e Fësch deen een am Waasser ersaufe wëll. Et wäert onméiglech ginn, déi 258 Mesuren genee ze analyséieren an ze kommentéieren. Awer no der Dose Moossnamen, déi de Premier ernimmt huet, stellt de Gast Gibéryen fest: „Et gëtt op alles geschoss wat wibbelt! Als Zilscheif huet de Premier ënner anerem genannt: d’Familljen, déi Krank an d’Spideeler, d’Bezéier vu Sozialleeschtungen, d’Léierpersonal, d’Beamten am allgemengen, d’Start-Upen, d’Beruffskummeren, d’Architekten, d’Presse… “. Dobäi feelt et der Regierung un enger globaler Perspektiv: wou bleift den Zukunftsdësch?

Zukunftsbäitrag: eng nei Steier

DP, LSAP a Gréng féieren eng nei Steier an, genannt Zukunftsbäitrag. Dës Kontributioun deet deene klenge Leit besonnesch wéi, well och Bierger déi haut net um Revenu besteiert ginn, mussen hei matbezuelen, an dëst vun engem Revenu vu 481€ de Mount un.
Och bei der TVA-Erhéijung vun 2% oder méi („2. Wunneng vun 3% op 17%, datselwecht op Alkohol, Café a Restauranten) ginn d’Stéit mat klenge Revenuen proportional méi staark belaascht, wéi Etuden et beweisen.

Déi staark Erhéijung bei der zweeter Wunneng kann nëmmen eng Konsequenz hunn: d’Loyeren ginn an d’Luucht, och well duerch esou eng Mesure wäerte manner Wunnenge gebaut ginn an esou d’Offer erof geet. Awer déi Leit, déi nach d’Chance hunn, eng Wunneng fir sech sëlwer ze kafen, kéinten ënner der Erheijung vun der TVA leiden, dëst wann de Plafong fir de Remboursement op 3%, elo 50 000 €, net gehuewe gëtt.

Familljepolitik à la DDR

Besonnesch um Mo läit der ADR awer déi zukünfteg Familljepolitik, déi bei der fréiere DDR ofgekuckt ginn ass!
Am Resumé: Elteren, wou zumindest een wéilt bei hire klenge Kanner bleiwen, ginn an d’Zukunft eidel aus! D’Mutterschaftszulage (allocation de maternité) an d’Erzéiungsgeld (allocation d’éducation) gi GANZ gestrach, dëst obschonn aktuell ronn 10 000 Familljen iwwert dee Wee ënnerstëtzt ginn.
Och beim Kannergeld gi vum 2. Kand un d’Hëllefe massiv erof. Op 1 Joer verléiert eng Famill mat 2 Kanner 773 €, eng Famill mat 3 Kanner 2 860 € an eng Famill mat 4 Kanner ronn 5 000 €!

Déi nei Familljepolitik vun der Gambia-Regierung baséiert op puer Ideologie a soll esou ausgesinn: setz maximal 1 Kand op d’Welt a gëff et esou schnell wéi méiglech bei der Regierung of. Déi bestëmmt dann, wéi an no wéi enger Wäertevirstellungen et soll erzu ginn!

Dëst waren nëmmen déi éischt Kritiken zur Deklaratioun vum Premier Minister Xavier Bettel. „Wann dëst déi nei Perspektive fir Lëtzebuerg sinn, da kann ech nëmme soen, aarmt Lëtzebuerg, wat gi mer do enger Zukunft entgéint“, sot de Gast Gibéryen zum Schluss vu senger Ried. Hien huet nach un de Walslogan vun der DP erënnert: „Méi mat manner“. Et gesäit een elo, dat de Slogan ëmgedréint ginn ass: “Manner fir méi. D’Leit kréie manner, an se musse méi dofir bezuelen“.

Deel dëse Post: