Wien huet Zougrëff op eis Donnéeën?

Schonn zwee Mol gouf en Dateschutzaccord tëschent der EU an de Vereenegte Staaten vum Europäesche Geriichtshaff kasséiert, well en den amerikanesche Geheimdéngschter ze vill Zougrëff op d’Donnéeë vu privaten EU-Bierger erméiglecht hätt. Onbemierkt vun der Ëffentlechkeet gouf am Schied vun der Ukrainkris de 25. Mäerz en drëtten Accord ënnerschriwwen. Wéi steet d’Regierung zu dëser Decisioun?

Deel dëse Post: