Wien huet Angscht vrum Bierger ?

Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Wie wonnert et nach, datt ëmmer manner Leit Vertrauen an d’Politik hunn an ëmmer méi d’Gefill hunn, net seriö geholl ze ginn? Et gi sécher ganz vill Grënn dofir, mä een dovunner ass, datt d’Regierungsparteien ëmmer nees ganz bewosst vergiess hunn, datt ee Biergerbedeelegung net däerf mat Wale verwiesselen.

Demokratie bedeit fir d’ADR vill méi wéi seng Stëmm fir eng Partei oder e Politiker ofzeginn. Et geet och net duer, datt op Initiativ vun der Politik heiansdo e Referendum ofgehale gëtt – obwuel dëst e Schrëtt an déi richteg Richtung wier.

Et gëtt héich Zäit, datt de Bierger nach méi staark an déi wichteg politesch Decisiounen agebonne gëtt. An dëst gëllt, ënnert anerem, och fir de kommunale Plang. E Buergermeeschter kann esou vill Informatiounsversammlungen organiséieren, wéi e fir richteg hält, dat geet der ADR net wäit genuch.

Lauschtert een de Bierger an der Stad opmierksam no, dann ass et kloer, datt vill Awunner géint en Tram sinn, dee kengem eppes notzt, iwwerall hënnert an dobäi riskéiert, déi deierst Feelinvestitioun an dësem Joerhonnert ze ginn. Firwat gëtt e Referendum fir oder géint en Tram refuséiert ?

Biergerbedeelegung heescht, datt d’Awunner aus enger Gemeng kënne vun engem Schäfferot verlaangen, e lokale Referendum z’organiséieren. Dës Méiglechkeet ass an der Gesetzgebung virgesinn, mä et gëtt gutt Grënn, firwat et zu Lëtzebuerg nach ni dozou komm ass.

Fir d’éischt muss eng vill ze héich Unzuel un Ënnerschrëfte gesammelt ginn. An der Stad Lëtzebuerg, zum Beispill, mussen ëm déi 6500 valabel Ënnerschrëfte gesammelt ginn, fir datt et zu engem lokale Referendum kënnt. D’ADR setzt sech dofir an, datt dës Zuel no ënne revidéiert gëtt!

Da kënnt och nach dobäi, datt ee muss op de Pabeier zréckgräifen, an dat obwuel et hautdesdags méi wéi genuch technesch Moyene gëtt, fir dëst online ze maachen.

D’ADR verlaangt, datt déi concernéiert Bierger sech duerch e Referendum z.B. zum Projet Tram kënnen äusseren. Datt et bis elo net dozou komm ass läit wuel dorunner, datt déi aner Parteien Angscht hu vrum Wëlle vun de Wieler…

Deel dëse Post: