Wien dréit d’Responsabilitéit wann den Auto selwer fiert?

Autoen déi selwer fueren hunn de Beräich vun der Science-Fiction längst verlooss. An ëmmer méi Länner ginn dës futuristesch Gefierer schonn op oppener Strooss getest. Eng Entwécklung mat Virdeeler, wann een zum Beispill spontan Owes nach een drénke geet. Schliisslech fënnt den Auto jo wuertwiertlech selwer heem. Falls et trotzdeem zu engem Accident kënnt, kann d’Situatioun awer kriddeleg ginn. Wien dréit a sou engem Fall d’Responsabilitéit? Fir, datt dës revolutionär Technologie ka rechtssécher encadréiert ginn, géif d’ADR sech wënschen, datt dës Froe méiglechst zäitno a kontrovers diskutéiert ginn. Kënnt d’Regierung hiren entspriechende Verflichtungen no?

Deel dëse Post: