Wéini gëtt d’Sécherheet vun eise Buschaufferen endlech garantéiert?

Den LCGB schreift en dréngende Bréif un den Transportminister, well Buschaufferen nach ëmmer reegelméisseg Affer vu Gewalt ginn a sech mëttlerweil kaum méi trauen, bestëmmte Linnen iwwerhaapt nach ze fueren. D’Gewerkschaft fuerdert dohier ënner anerem d’Installatioun vu Sécherheetskabinnen. Mécht de Minister sech déi Fuerderung zu eegen?

Deel dëse Post: