Wéi staark ass d’Konzentratioun vun de Bauterraine wierklech?

Et war eng Noriicht, déi ka rose maachen. Zu Lëtzebuerg befannen sech iwwer 50 Prozent vum Bauterrain an der Hand vun 0,1 Prozent vun der Bevëlkerung. Zu dëser Conclusioun koum de sougenannte “LISER”-Institut. Grond genuch fir den ADR-Deputéierte fir sech déi Etude eng Kéier méi genee unzekucken. Déi 0,1 Prozent sollen aus Erhiewunge vum “Observatoire de l’Habitat” an dem Statec ervirgoen, mee d’ADR wonnert sech nawell mëttlerweil, wéi genau déi Zuel zustane komm ass. Wat seet d’Regierung, där déi genannt Instituter ënnerstinn? 

Deel dëse Post: