Am Juli 2012 koum et nees zu Lëtzebuerg zu enger Decisioun fir d’Vitesse op den Autobunnen ze reduzéieren. Et muss een sech an deem Zesummenhank awer gläich eng ganz Rei Froe stellen. Et geet drëms, datt d’Autoritéite rural Miessstatiounen als Referenzstatiounen huelen an domat eventuell eng natierlech Ozonproduktioun als alarméierend betruechten.

Hei am Land gëllt zum Beispill e « seuil d’alerte » vun 160 Mikrogramm pro Kubikmeter Loft, iwwerdeems a Frankräich e « seuil d’information » vun 180 Mikrogramm besteet an en Alarm eréischt bei 240 Mikrogramm ausgeléist gëtt. Ass Lëtzebuerg do nees net méi helleg wéi de Poopst ?

Da stellt sech d’Fro vum Notze vun ozonbedéngte Vitesselimitatiounen hei am Land, wann där an eisen Nopeschlänner net gläichzäiteg mat agefouert ginn. E groussen Deel vum Ozon gëtt nämlech an der Atmosphär iwwer grouss Distanzen duerch gewéinlech Loftstréimunge transportéiert.

Och wat de Gebrauch vun de Miessstatiounen hei am Land ugeet stelle sech Froen. Et gëtt där fënnef: Veianen, Biedler, Biekerech, Bouneweg an Esch/Uelzecht. Déi eenzeg Miessstatiounen, déi am Juli 2012 ganz kuerzfristeg Ozonwäerter vun iwwer 160 a souguer 180 Mikrogramm ugewisen hunn, woren déi vu Veianen a Biekerech, also déi, déi a ruralen oder semi-ruralen Zonë leien. An deene Géigende gëtt et awer bal kee Verkéier, deen anthropogènen NO2 géing produzéieren. Dogéint gëtt et awer eng staark natierlech Produktioun vun Ozon duerch Terpènen an Isoprènen, déi aus der Vegetatioun stamen. D’Miessstatiounen an deene méi dicht bewunnte Regiounen am Land mat héijem Verkéiersopkommen, wéi zum Beispill Bouneweg, hu keng Wäerter iwwer 180 Mikrogramm gemooss.

Et freet sech also, ob eis Autoritéiten:

  • net de Feeler maachen, rural Miessstatiounen als Referenzstatiounen ze huelen an domat eng ganz natierlech Ozonproduktioun als alarméierend ze betruechten;
  • d’Bedeitung vun  deene ganz normalen, biogenen organeschen a volatile Komponenten (VOC) ignoréieren.

Den Dikrecher Physikprofesser Francis Massen wor sou frëndlech der ADR ze erlabe fir e wëssenschaftlechen Dossier ze publizéieren, deen op all dës Aspekter am Detail ageet. Dësen Dossier kann een hei nokucken. Et ass jiddefalls derwäert, sech déi Dokumenter an hir wëssenschaftlech Referenzen unzekucken!

Opgrond vun deene wëssenschaftlechen Erkenntnesser huet d’ADR eng parlamentaresch Ufro un den Här Nohaltegkeetsminister geriicht.