Wéi laang brauch d’ADEM, fir een Dossier ze behandelen?

Qualifizéiert Salariéen ze fannen, entwéckelt sech fir vill Patronen zu enger Erausfuerderung. A verschiddene Secteuren ass et ëmmer manner méiglech, op direktem Wee an ouni Delaie gëeegent Kandidaten ze fannen. Dat huet dozou gefouert, datt d’ADEM rezent sou vill fräi Aarbechtsplazen um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart gemellt huet wéi bal nach ni virdrun. A verschiddene Branchë kënnt et duerch de Manktem u qualifizéiertem Personal schonns zu Opdraagsverzögerungen. An dëser Situatioun sinn d’Patrone méi wéi virdrun op d’ADEM ugewisen. Eisen Informatiounen no ginn et bei der ADEM awer grouss Réckstänn (Retarde vu bis zu 3 Méint) beim Behandele vun neien Dossieren. Wéi laang dauert aktuell d’Behandele vun engem neien Dossier, dee vun engem Patron eragereecht gëtt fir eng Persoun anzestellen?

Deel dëse Post: