Wéi laang bleift de Bensinn nach bezuelbar?

Den 1. September soll déi virsiichteg Reduktioun vun den Accisen op Brennstoffer fir den Auto ëm 7,5 Cent de Liter hei am Land auslafen. De selwechten Dag wëll Frankräich déi entspriechend Reduktioun vun 10 op 30 Cent de Liter erhéijen. De Bensinn gëtt an eisem Nopeschland wouméiglech e gudde Krack méi bëlleg, wéi bäi eis. Mussen eis Bierger geschwënn an d’Ausland fuere fir nach bezuelbar kënnen ze tanken, iwwerdeems am Staatsbudget d’Recetten aus dem Tanktourismus feelen? Fir d’ADR ass kloer: A punkto sozialer Besteierung weist Frankräich den Ablack de Wee a Lëtzebuerg sollt nozéien.

Deel dëse Post: