Wéi héich sinn eis strategesch Pëtrolsreserven?

Lëtzebuerg ass duerch international Verträg verflicht, fir am Krisefall 90 Deeg u Pëtrolsreserven ze stockéieren. Opgrond vum chronesche Plazmangel hei am Land lageren dës strategesch Reserven iwwerwigend an der Groussregioun. Schonn 2018 huet Gambia I missen zouginn, datt d’Reserven hei am Land nom deemolege Verbräuch grad emol fir aacht Deeg géifen duergoen an, datt 2020 eng Rei Geneemegunge vun den Tanklagere kéinten auslafen. Iwwert wéi vill Reserven op eegenem Terrain verfüge mir iwwerhapt nach a wéi bereet d’Regierung sech op d’Méiglechkeet vir, datt eis Partnerlänner eis Reserven am Eeschtfall fir den eegene Bedarf confisquéieren?

Deel dëse Post: