Wéi héich ass den Taux d’Échec bei der Handwierksausbildung?

D’Ausbildung vum Nowuess am Handwierk an déi entspriechend Roll vun eisen ëffentleche Schoulen ass eng Fro, déi an eiser Gesellschaft ëmmer rëm kontrovers diskutéiert gëtt, net zulescht wärend enger Interpellatioun den 10. Mäerz an der Chamber. De Fred Keup géif duerfir gär wëssen, wéi vill Schüler an de leschte Joren esou eng Ausbildung ugefaangen hunn a wéi vill vun hinnen se erfollegräich ofgeschloss hunn.

Deel dëse Post: