Wéi gëtt een zu Lëtzebuerg Kanneraffekot?

Duerch d’Reform vum Scheedungsgesetz, déi am Juni 2018 an der Chamber ugeholl gouf, hunn d’Kanner d’Méiglechkeet sech un de Familljeriichter ze adresséieren, wa si Ännerunge beim Suergerecht verlaangen. De Riichter huet dann d’Méiglechkeet, de Kanner ee “Kanneraffekot” ze ginn, deen hir Intresse verdeedegt. De Barreau bitt eng Formatioun un, fir kënne Kanneraffekot ze ginn. Allerdéngs gëtt et um Site vum Barreau just lückenhaft Informatiounen zu dëser Ausbildung. Och de Parquet ass net an der Lag, verschidde wichteg Froen zu dëser Ausbildung ze beäntweren. Et gëtt an dëser Saach keng vollstänneg Transparenz, obschonns et hei ëm Informatioune vun ëffentlechem Intressi geet. Firwat ass dat esou?

 

Deel dëse Post: