Wéi eng Sécherheetsmoosname beim Tour de Luxembourg?

2020 koum et beim Tour de Luxembourg zu onschéinen Tëschefäll, well déi entspriechend Stroossen net all gespaart waren. De Sportminister Dan Kersch huet doropshin ugekënnegt, en Aarbechtsgrupp anzesetzen fir eng Analyse ze maachen an entspriechend Verbesserungsvirschléi ze ënnerbreeden. Eng Rëtsch Méint méi spéit weist hien sech iwwerzeegt, datt den Tour 2021 e volle Succès gëtt. D’ADR hofft natierlech, datt de Minister Recht behält. Mee wéi eng konkret Moossname goufe par Rapport zu 2020 geholl?

Deel dëse Post: