Wéi d’ADR fuerdert de bayeresche Banneminister Joachim Herrmann (CSU) eng Visumsflicht fir Serben a Mazedonier!

print

Wéi an den däitsche Medien ze liese war ass den CSU-Banneminister vu Bayern, den Här Joachim Herrmann,  dofir d’Visumsflicht fir Leit aus Serbien an der Fréierer Yougoslawescher Republik Mazedonien nees anzeféieren. Hie vertrëtt domat eng ähnlech Positioun wéi déi lëtzebuergesch ADR an ënnerscheed sech also däitlech vum Laxismus vun der CSV an Immigratiounsfroen. Den Här Minister Herrmann huet och proposéiert, datt, sou wéi an der Schwäiz, e méi séiert Asylverfaren fir déi Leit soll ageféiert ginn. Hien argumentéiert, datt hir Chance fir Asyl ze kréie jo bal null ass, well et an hire Länner keng asylrelevant Verfolgung méi gëtt. Et wär och net normal, datt aus Länner, déi an d’Europäesch Unioun striewen, iwwerhaapt nach Leit kommen, déi an der EU no Asyl froen.  An der Schwäiz, déi jo och e Rechtsstaat ass,  gëtt iwwregens bannen 48 Stonnen iwwer eng Asyldemande decidéiert. Dem Här Minister Herrmann seng Iddie goufe vum Här Wolfgang Bosbach (CDU), President vun der Bannekommissioun vum „Bundestag“, ënnerstëtzt.

D’ADR stellt fest,  dat déi lëtzebuergesch CSV, déi jo awer wéi d’CDU an d‘CSU Member an der Europäescher Vollekspartei (EVP) ass, ëmmer méi Positioune vertrëtt, déi am Europaparlament méi vun der europäescher Lénker vertruede gi wéi vun der EVP. Viru kuerzem wollt en CSV-Europadeputéierten d’CSU souguer aus der EVP ausschléissen! D’CSV sollt sech mol sou lues froen, ob si iwwerhaapt nach an d’EVP passt…

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.