Wat steet an den bilateralen Texter vu Lëtzebuerg a Portugal?

D’offiziell Visite vum portugisesche Premierminister António Costa zu Lëtzebuerg war d’Geleeënheet fir bilateral Ofkommes an e “Mémoire d’entente” ze ënnerschreiwen. Konkret ass just iwwer e Kommunikee vum Schoulministär eppes gewosst, wat an deenen Dokumenter steet. De Fernand Kartheiser huet elo an enger parlamentarescher Fro d’Regierung opgefuerdert, der Chamber dës Texter zoukommen ze loossen. Hie freet och, ob d’Regierung denkt, dës Texter vun der Chamber ratifizéieren ze loossen, wéi d’Verfassung et verlaangt. Déi zoustänneg Ministeren hun an enger gemeinsamer Äntwert dorop higewisen, datt si, no hirer Interpretatioun, net verflicht wieren, déi Texter vun der Chamber ratifizéieren ze loossen. Si wieren awer bereet, déi Texter, jeeweils deenen zoustännege Kommissiounen ze presentéieren.

Deel dëse Post: