Wat kascht d’Steierreform wierklech ?

D’Steierreform vun der Gambia-Regierung ass mat vill Tamtam ugekënnegt ginn, a vun net manner wéi 4 Ministere virgestallt ginn. Des versammelt Mannschaft gouf awer net duer, fir op déi wichteg Froen ze äntweren: wat kascht dës Steierreform wierklech a wéi gëtt se finanzéiert? D’ADR huet Kenntnis vun de Propose vun der Regierung geholl, gesäit doranner eng Rëtsch positiv Mesuren a stellt awer fest, datt dach vill Problemer bestoe bleiwen. D’ADR wäert d’Steierreform am Detail analyséieren, a Verbesserungsvirschléi ënnerbreeden.

D’Regierung huet bis elo dräi gréisser Steierhaussen op hirem Konto: déi 0,5% Krisesteier, d’Hausse vun der TVA an d’Netupasse vun der Steiertabell un d’Inflatioun iwwert dräi Joer. Dës dräi Moossnamen hunn de Steierbezueler mat 350 bis 400 Milliounen Euro belaascht. Gambia gëtt elo mat der enger Hand zréck, wat se mat der anerer Hand ewech geholl huet.

D’Regierung gëtt un, d’Steierreform géif 400 bis 500 Milliounen Euro manner Steieren erabréngen. Op Nofro vun der ADR hinn huet de Finanzminister zou ginn, dëst wär nëmmen eng „global Estimatioun“. D’ADR verlaangt mat Nodrock, datt d’Regierung Detailer op den Dësch leet, wat déi eenzel Moossname konkret bedeiten. Och bei der Besteierung vun den Entreprise bleift d’Regierung ganz vague, wéi d’Verbreederung vun der Steierbasis soll ausgesinn.

D’ADR konstatéiert, datt d’Regierung trotz der gudder Konjunktur en neie Kredit iwwert 1,5 Milliarde stëmme gelooss huet, am Kader vum Budget 2016. Dëst entsprécht, iwwert dräi Joer, dem Betrag dee laut der Regierung als manner Steieren era solle kommen. Déi nächst Generatioun wäert esou fir déi aktuell Steierreform opkommen.

Pressematdeelung vum 29. Februar 2016

Deel dëse Post: