Wat genee ass vu Lëtzebuerger Material an d’Ukrain gaangen?

Verschidde Länner wéi Däitschland, si ganz transparent, wat hir Militärliwwerungen un d’Ukrain ugeet. Do ka Lëtzebuerg sech eng Scheif ofschneiden. De Fernand Kartheiser freet dann och, datt d’Lëtzebuerger Regierung esou eng Lëscht mécht an eventuell och public mécht.

 

Fro

D’Militärhëllef fir d’Ukrain ass en Dauerthema zënter dem Ufank vun de Krichshandlungen an et ass bal eng Saach vun der Onméiglechkeet fir all d’Liwwerungen ze suivéieren. Beispillhaft huet däi däitsch Regierung elo eng Lëscht mat deem vun Däitschland geliwwerte Material mat geneeë Quantitéite publik gemaach (Militärische Unterstützungsleistungen für die Ukraine | Bundesregierung). An och d’USA hu scho Lëschte vu Militärliwwerunge public gemaach. Duerfir wëll ech der Regierung dës Fro stellen:

  1. Kann d’Regierung mir eng detailléiert Lëscht mat alle Liwwerunge vu Militärmaterial, inklusiv Waffen a Munitioun, un d’Ukrain (no deem däitsche Modell) maachen?
  2. Wat fir Niewekäschte ware mat dëse Liwwerunge verbonnen?
  3. Ass d’Regierung gewëllt wéi Däitschland dës Lëschten aus Grënn vun der Transparenz publik ze maachen a reegelméisseg ze aktualiséieren?

Äntwert

Äntwert vum Verdeedegungsminister op d‘parlamentaresch Fro n° 6400 vum 22. Juni 2022 vum honorabelen Deputéierten Fernand Kartheiser

 Wéi ech et an der zoustänneger Chamberskommissioun erkläert hunn, ass et mer wichteg reegelméisseg iwwert ons Liwwerunge vu Militärmaterial un d’Ukrain z’informéieren.

D’Direction de la défense, an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Arméi, huet bis zum haitegen Datum follgend Militärmaterial ausgeliwwert:

  • 102 NLAW – Anti-Panzer Waffen
  • 000 Schoss Munitioun fir Maschinnegewierer vum Kaliber 12,7mm
  • 7 Jeep Wrangler Liaisounsween
  • 15 Zelter
  • 500 Schoss RPG7 – Anti-Panzer Munitioun
  • 400 Gasmasken
  • 800 Filter fir Gasmasken
  • 000 Schutzvesten Cat IV
  • 000 Helmer Cat III+
  • 200 Schoss BM 21 Artilleriemunitioun
  • 10 Sette Satellittekommunikatiounssystemer Weider Liwwerunge vu Militärmaterial si geplangt.

Déi eenzeg Niewekäschten, verbonne mat dëse Liwwerungen, waren Transport- an administrativ Käschten.

 

Deel dëse Post: