Wat fir Chance mam Lëtzebuergesch-Bachelor?

De Fred Keup geet an enger parlamentarescher Fro op eenzel Aspekter vun engem neien Diplom a Lëtzebuerger Sprooch a Kultur op der Universitéit Lëtzebuerg an. Besonnesch d’berufflech Aussiichte vun deene Leit, déi dës Studie wielen, leien him um Häerz.

 

Fro

D’Universitéit Lëtzebuerg offréiert fir dat nächst Semester en neie Bachelor a Lëtzebuerger Sprooch, Wëssenschaft a Literatur, dat am Kader vun de Bacheloren an europäescher Kultur, vun deenen et der domat sechs verschiddener gëtt. Als Debouché gesäit d’Uni fir dës Studenten haaptsächlech de private Sproochenunterrecht. Mam „Master in Secondary Education – Pathway Language and Luxembourgish Literature“ als weiderféierende Studium kënne si och an der Lëtzebuerger Schoul ënnerriichten. Mir hunn an deem Zesummenhank dës Froen un den zoustännegen Här Minister:

  1. Wat fir Debouchée genee gesäit den Här Minister an dësem neie Bachelor?
  2. Ersetzt dëse Bachelor d’Formatioun fir Formateuren, déi op der Uni ugebuede ginn ass?
  3. Ass séchergestallt, datt déi Diploméiert hir Schüler am Privatsecteur kënnen zertifiéieren, wat bei fréiere Studien net méiglech war?
  4. Wär bei deem Mangel un Lëtzebuergesch-Enseignanten am Privatsecteur an an der Schoul net och eng manner zäitintensiv Formatioun wéi den eejärege „Continuing Education“ Programm néideg?
  5. Ersetzt hien (am Zesummespill mam „Master in Secondary Education“) och de „Master en Langues, Cultures et Médias“, dee virdrun op der Uni offréiert ginn ass ?

Äntwert

Äntwert vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a Minister fir Héichschoul a Fuerschung, Claude Meisch, op d’parlamentaresch Fro Nr. 6104 vum honorabelen Här Deputéierte Fred Keup

 

Ad 1)

Wéi den honorabelen Här Deputéierte schonns a senger Fro undeit, stellt den neie Bachelor a Lëtzebuerger Sprooch, Wëssenschaft a Kultur eng zousätzlech, sechst Voie de formation an den europäesche Studien duer, fir haaptsächlech e Masterstudium drunzehänken. De Bachelorofschloss vun der Formatioun Bachelor en Cultures européennes – Lëtzebuerger Linguistik a Literatur (BCE-LUX) op der Universitéit Lëtzebuerg bitt ganz ënnerschiddlech Beruffsméiglechkeeten, virrangeg déi vum Sproochenseignant an de private Sproocheschoulen, den Associatiounen oder och de Gemengen. Dës Weidere qualifizéiert den Diplom fir Posten am Kulturberäich an an der Ëffentlechkeetsaarbecht. D’Qualifikatioun Bac +3 erfëllt d’Viraussetzung fir um Aarbechtsmaart kompetitiv ze sinn.

D’Formatioun am Beräich vun de Cultures européennes (Germanistik, Romanistik, Anglistik, Geschicht a Philosophie), deen een Drëttel vum Studium ausmécht, gëtt ausserdeem Zougang zu weiderféierende Studien op Master-Niveau an dat am Beräich vun de Geeschteswëssenschaften, souwuel op der Universitéit Lëtzebuerg wéi am Ausland. En ass doriwwer eraus déi ideal Virbereedung op de « Master en Enseignement Secondaire – Filière langue et littérature luxembourgeoise », deen op der Universitéit Lëtzebuerg ugebuede gëtt. Dëse Master ass d’Viraussetzung fir eng Carrière als Lëtzebuergeschproff am Enseignement.

D’Formatioun continue – Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (FC) gëtt effektiv am Joer 2022/23 net op der Universitéit Lëtzebuerg ugebueden. Aus organisatoreschen an zäitleche Grënn ass et nach net sécher, ob d’Formation continue méi spéit erëm wäert ugebuede ginn.

De BCE-LUX ersetzt keng Formatioun; et handelt sech ëm eng nei Formatioun, déi am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch a Literatur spezialiséiert. De Master en Langues, Cultures et Médias ass zënter 2018 am Master en Enseignement Secondaire – Filière langue et littérature luxembourgeoise integréiert. De Bachelor ass weeder inhaltlech nach strukturell mat der Formatioun vergläichbar: déi 6 Semester regulär Studienzäit bidden eng wesentlech méi verdéiften a wäitgräifend Formatioun an alle Beräicher (Linguistik, Literatur, Didaktik) un. Déi programméiert Stagen erlaaben et scho wärend dem Studium praktesch Erfarung an der spéiderer Beruffswelt ze sammelen.

Ad 2)

Wann d’Fro den Zertifikat viséiert fir Leit mat Première déi mat dëser Zousazformatioun d’Erlaabnis kréien, am konventionéierte Secteur Lëtzebuergeschcoursën ze halen, dann ass d’Äntwert ganz kloer “Neen” : de Bachelor ersetzt net de Zertifikat fir Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (ZLSK). Den ZLSK gëtt awer weiderhin um INL ugebueden. Diplomer/Zertifikater kënnen an der Reegel nëmme vun den Institutiounen, déi d’Coursen ubidden, ausgestallt ginn.

Ad 3)

Den 30. Mee 2022 gouf de Projet de loi zur Reform vum INL déposéiert. Dësen Text definéiert den INL als Autoritéit fir d’Evaluatioun vun de Lëtzebuergeschkompetenzen an zielt och déi méiglech Diplomer op. Selbstverständlech kann den INL ënner bestëmmte Konditiounen d’Fonction diplomante och weider reechen, wéi zum Beispill d’Goetheinstitut et och mécht.

Ad 4)

Ech mengen et wäert och am Sënn vum honorabelen Deputéierte sinn, datt den Enseignant vum Lëtzebuergeschen net manner forméiert muss sinn wéi seng Kolleginnen a Kollegen vun anere Sproochen. Ech wëll awer och drun erënneren, datt den ZLSK fir de konventionéierte Secteur an de Privatsecteur erhale bleift. Am Lycée an am INL mussen awer Enseignanten mat Master ënnerriichten.

Ad 5)

Déi Fro läit am Ermiessensspillraum vun eiser onofhängeger Universitéit.

 

 

Deel dëse Post: