Wat ass méi wichteg, Profit oder Solidaritéit mat befrënnte Natiounen?

D’USA an Irael deele nach ëmmer staark Sécherheetsbedenke géint déi iranesch Atompläng. D’USA hu rezent de sougenannten Iran Deal gekënnegt a nei Sanktiounen decidéiert. Verschidde grouss europäesch Länner wëllen awer riicht viru Geschäfter mat Teheran maachen, iwwer eng Finanzkonstruktioun (SPV), déi soll zu Lëtzebuerg baséiert ginn. De Fernand Kartheiser fillt der Regierung, wat dës Pläng ugeet, op den Zannt.

D’Äntwert vun der Regierung hält fir d’éischt emol déi ënnerschiddlech Sécherheetsaschätzung vun der EU an den USA fest. Si seet awer och, “offiziell” wär net gefrot ginn, den SPV fir d’US-Sanktiounen ze ënnerlafen zu Lëtzebuerg opzemaachen.

Reaktiounen an der Press

Deel dëse Post: