Wat ass geschitt mat der Fassad vun der Cour constitutionnelle?

Wat ass mat der Fassad vun dësem wichtege Gebai geschitt? De Fernand Kartheiser freet no:

Fro:

Den Ëmgank mat Gebaier, déi fir Institutioune stinn, déi eng wichteg Roll am Staat spillen, verréit vill iwwer eng Gesellschaft. Zu Lëtzebuerg hu mir eng ganz Rei vu Gebaier, déi wichteg fir eist Land sinn an déi zum Deel ënner Denkmalschutz stinn. Verschiddener si leider an engem Zoustand, deen als “onwierdeg” bezeechent muss ginn. Eent dervun ass dat nach neit Gebai vun der Cour constitutionnelle, deem seng Fassad am Ablack beschiedegt ass.

An deem Kontext hunn ech eng Rei vu Froen un d’Regierung:

  1. Ass d’Madamm Justizminister net drun intresséiert, datt eent vun de wichtegste Gebaier vun der drëtter Muecht am Staat propper an a guddem Zoustand ass?
  2. Huet den Här Minister vun de Bâtiments publics Kenntnesser doriwwer, aus wéi enge Grënn et dozou koum, datt d’Fassad vun der Cour constitutionnelle esou vernoléissegt gëtt?

Äntwert:

Den Zoustand vun dëser Fassad ass an der Verwaltung fir ëffentlech Baute bekannt.
Ier d’Fassad vun der Cour constitutionelle renovéiert ka ginn, hunn d‘Ursaache vun den
Degradatiounen missten analyséiert ginn. Heifir ass eng Expertise iwwert den allgemengen Zoustand
vun all de Fassaden vun de Gebaier vun der Cité judiciaire beoptraagt ginn.
D’Resultat vun der Expertise vu Juni 2022 huet erginn, datt notamment eng Rei mannerwäerteg
Aarbechten zur progressiver Degradatioun vun de Fassaden gefouert hunn. Dës Schied sinn deelweis
op mangelhaft Ausféierungen vun den Fassaden selwer wéi och op déi vun den Raccord’en tëscht
Fassad an Daach zréckzeféieren.
Et ass geplangt eng komplett Sanéierung vun all de Fassaden vun de Gebaier vun der Cité judiciaire ze
maachen. An enger éischter Phase ass eng Restauratioun vum Entréesberäich vun der Fassad vun der
Cour constitutionelle am Fréijoer 2023 geplangt. D’Gebai wäert wärend den Aarbechten a Betrib
bleiwen.

 

Deel dëse Post: