Wann d’parlamentaresch Kontroll de Minister Bausch nervt! [Video]

Fir d’uechtzéngt oder d’nonzéngt eng Fro iwwer d’Kontroll vum Loftraum iwwer de Findel ze beäntweren, ka fir e Minister en Zeeche sinn, wéi wichteg déi Fro fir Lëtzebuerg ass, déi hien am stille Kämmerlein léise wëllt. Den Transportminister Bausch nervt dat just … an dat weist hien, trotz gespillter Frëndlechkeet, däitlech a senger Äntwert un de Fernand Kartheiser, en Dënschdeg, 10. Mee, an der Chamber. Ëmmerhin, de Minister huet elo versprach, datt dee ganzen Dossier iwwer d’Fluchkontroll, déi soll vu Lëtzebuerg fortkommen an an Zukunft international gehandhaabt ginn, soll am Juni virum Parlament erörtert ginn.

Deel dëse Post: